APED Generalversammlung

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Date(s) - 22/11/2018
19:00

Kategorien


D’Elterenvereenegung vun der Dikricher Grondschoul (APED) invitéiert Iech ganz häerzlech op hir uerdentlech Generalversammlung.

Rendezvous ass een Donneschdeg, den 22. November 2018 em 19.00 Auer am Festsall vun der Dikricher Grondschoul.

Op der Dagesuerdnung stinn:

  • Begréissung
  • Aktivitéitsbericht vum Schouljoer 2017/18
  • Keesebericht
  • Wal vu Komiteesmemberen
  • Geplangte Projete fir déi nächst Méint
  • Diskussioun a fräi Aussprooch

Em 19.30 Auer hält BEE SECURE ee Virtrag mat Diskussiounsronn iwwert Computerspillsucht bei Kanner a Jugendlechen.

 

Dir wëllt gären aktiv matschaffen? Entweder am Komitee oder bei Aktivitéiten hëllefen? Dir hutt villäicht Froen oder Virschléi? Da mellt iech bei engem vun eise Memberen oder schéckt eis eng E-mail.

  • Kandidature fir de Komitee musse bis spéitstens de 19. November 2018 op apeddiekirch@gmail.com gescheckt ginn (Numm, Virnumm, Telefonsnummer).

Dir wëllt eis ënnerstëtzen? Da gitt Member bei eis, andeems dir 10 EUR pro Famill (all zousätzleche Montant ass wëllkomm) op de CCPL LU85 1111 1325 4543 0000 mam Vermierk „Cotisatioun” iwwerweist oder benotzt de QR-code hei ënnen drënner.